Luxtram-Linn T1

Luxtram-Linn T1
D'Linn T1 op der Cloche d'or
Kierchbierg - Cloche d'or
Bedreiwer LuxTram
vu(n) Luxexpo 49°38'7,19"N, 6°10'32,77"O
op Stadion 49°34'36"N, 6°6'38"O
iwwer Kierchbierg, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg-Süd, Houwald, Gaasperech, Zéisseng
opgaang 10. Dezember 2017
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12 km
Fuerzäit 37 min

D'Luxtram-Linn T1 ass eng Linn vum Stater Tram déi op der Streck vun der Luxexpo bis bei de Stadion fiert. Wa s'am Mäerz 2025 bis fäerdeg gebaut ass, féiert d'Streck vum Fluchhafe Findel bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg.

D'Linn gouf no an no a Betrib geholl. Dat éischt Deelstéck, vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, ass den 10. Dezember 2017 opgaangen. Duerno goufen et Verlängerunge bis op d'Stäreplaz (27. Juli 2018), op d'Gare (13. Dezember 2020), bis op Bouneweg (11. September 2022) a bis op d'Cloche d'Or (7. Juli 2024). Dat lescht Deelstéck, vun der Luxexpo op der Findel, geet viraussiichtlech am Mäerz 2025 fir de reguläre Verkéier op.

D'Linn T1 war wärend hirer Bauzäit déi eenzeg Linn vum Stater Tram, dee mat hir 2017 nei agefouert gouf, nodeems et scho bis 1964 en Tramsreseau an der Stad gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Stater Tram an am Artikel Fréiere Stater Tram


Developed by StudentB